Radioen

On air

Notturno  |  Peter Zummo - Way Better Than I Expected

play_arrow Live
search

/ Grouss Logistik-Entreprisë meiden d'Rout Mier

No Attacken

Grouss Logistik-Entreprisë meiden d'Rout Mier

18 grouss Logistik-Entreprisë wäerten de Passage duerch d‘Rout Mier an Zukunft, wéinst Attacken op Handelsschëffer evitéieren. Wéi déi international Marineorgansiatioun IMO matdeelt, géifen dës Gruppen hir Containerschëffer an Tanker deemno ronderëm eng Route laanscht Südafrika schécken.

auto_stories

1 min

Containerschëff | © picture alliance / imageBROKER | Dieter Mahlke
Containerschëff (Foto: picture alliance / imageBROKER | Dieter Mahlke)

En Dënschdeg hat ee vun de gréisste Gruppe Maersk schonn esou eng Decisioun ugekënnegt. D‘Rout Mier ass déi wichtegst Handeslverbindung tëscht dem Mëttelmier an dem indeschen Ozean, déi nei Route féiert zu zolitten Delaien a méi Käschten. Huthi-Rebellen haten an der Lescht ëmmer nees westlech Schëffer attackéiert.