Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grouss Demonstratioune vun Däitsche Baueren um Méindeg

Däitschland

Grouss Demonstratioune vun Däitsche Baueren um Méindeg

An Däitschland gëtt sech op d‘Demonstratioune vun de Bauere preparéiert, déi vu muer un eng Protestwoch organiséieren. De Verband vun de Baueren huet en Appell un d‘Demonstrante gemaach, sech moderat ze behuelen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/Nadine Weigel/dpa | Nadine Weigel
(Foto: picture alliance/dpa/Nadine Weigel/dpa | Nadine Weigel)

Et dierfe keng Aktioune gemaach gi bei Privatwunnenge vu Gespréichspartner, also Politiker ginn, an och keng perséinlech Attacken. Anescht, wéi et en Donneschdeg a Schleswig Holstein geschitt ass. Do haten d‘Demonstranten den däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck dru gehënnert vun enger Fair erofzeklammen.

D‘Bauere protestéiere géingt d‘Spuerpläng vun der däitscher Regierung. Dat mat Trakterconvoien, Blockaden a Manifestatiounen. A Rheinland-Pfalz sinn 90 Aktiounen ugekënnegt Alles an allem ginn 10.000 Participanten erwaart. Zu Treier ass och eng gréisser Manifestatioun ugesot, mat bis zu 1.000 Trakteren. D‘Baueren hunn do annoncéiert d‘Autobunn zu Treier an Emgéigend wëllen ze blockéieren.

D'Tréierer Autoritéiten hu jidderengem, dee kann, geroden doheem ze bleiwen, an Homeoffice ze maachen, soss awer den Zuch oder de Vëlo ze notzen.

Et kéint och zu Problemer um Grenziwwergang Schengen kommen, huet d‘Gemengenadministratioun vun do matgedeelt – notamment géif et wuel zu enger Vollspärung vun der Schengener Bréck kommen. Dat tëschent 6 an 10 Auer muer de Moien.