Zanter dem Ufank vum Krich gëtt et ëmmer erëm Loftalarm an der Ukrain – dat kascht d‘Land eng 150 Milliounen Euro de Mount – dee Chiffer gouf gëschter zu Kiew genannt.
Iwwerdeems huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj eng Partie héichrangeg Genereel vun der Nationalgard entlooss. D‘Hannergrënn dovu sinn net kloer. Eréischt virun e puer Méint hunn op héije Platzen an der Nationalgarde Genereel misse goen. Déi ukrainesch Nationalgard ass e paramilitäresche Verband, deen un sech fir Grenzsécherung an déi bannescht Sécherheet zoustänneg ass. Zanter dem Ufank vum Krich kämpfen d‘Memberen awer och un der Front.