Zwee Blesséierter goufen an d'Spidol gefouert. Déi zwee anerer sinn op der Plaz behandelt ginn.
D‘Feier war géint 14:40 Auer ausgebrach. Am Ufank hat d‘Interventiounsekipp vun der Firma probéiert, de Brand ze läschen. Wéi d‘Pompjeeën op der Plaz ukoumen, hat d‘Feier sech awer schonn ausgebreet.
80 Pompjeeën aus 7 Zentere waren am Asaz. Géint 18 Auer wier de Brand dunn ënner Kontroll gewiescht, mellt de CGDIS.
Iwwer d'Nuecht blouwen awer Ekippen op der Plaz, fir d‘Situatioun ze iwwerwaachen. Dat war och net vu Muttwëll, well géint 5 Auer moies war d'Feier nees kuerz ausgebrach.