Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Glyphosat: Verlängerung kritt net déi néideg Majoritéit

Herbiziden

Glyphosat: Verlängerung kritt net déi néideg Majoritéit

D’Propose vun der Europäescher Kommissioun, d’Autorisatioun fir “Glyphosat” em 10 Joer ze verlängeren, krut op en Neits net déi néideg Majoritéit.

auto_stories

1 min

Den ëmstriddenen Herbicide Glyphosat gëtt fir weider 10 Joer an der EU zougelooss.

Dat huet d‘EU-Kommissioun haut decidéiert, nodeems et bei den EU-Staaten op en Neits net déi néideg Majoritéit, weder fir, nach géint eng Verlängerung gouf. Lëtzebuerg huet genee wéi beim éischte Vott, zesumme mat Ungarn an Eisterräich géint d’Propose vun der Kommissioun gestëmmt. 7 Länner, dorënner Däitschland, Frankräich an des Kéier och Italien, hu sech enthalen.

Lëtzebuerg war dat éischt an eenzegt EU-Land, dat 2021, de Glyphosat verbueden hat… den 30. Mäerz dëst Joer gouf de Verbued vum Verwaltungsgeriicht opgehuewen, nodeems den däitsche Pharmakonzern Bayer geklot hat.