Et wier ee frou, datt d’Ëffnung esou statt fënnt, seet de Vertrieder vun der nationaler LGBTIQ+ Associatioun zu Lëtzebuerg. Eng éischte Kéier erlaabt de Vatikan, datt gläichgeschlechtlech Koppele kënne geseent ginn. Dat steet an engem Bréif, dee verëffentlecht gouf.
De synodale Prozess a Richtung vun enger méi moderner an oppener Kierch géif seng éischt Friichten droen, stellt de Laurent Boquet fest. Dat géif Hoffnung fir d'Zukunft maachen.
Méi Sécherheet an der Praxis
Wat d’Situatioun hei am Land ugeet, ënnersträicht de Vertrieder vun der asbl. Rosa Lëtzebuerg, datt ee mat der Lëtzebuerger Kathoulescher Kierch eng gutt Zesummenaarbecht hätt.
"De Kardinol huet eis ëmmer zougeséchert, datt hie Paschtéier, déi Homosexueller seenen net sanktionéiere wäert, dat heescht, hien huet sech domadder senge Bëschofsbridder a ganz villen anere Bistumen ugeschloss, déi gesot hunn, si géingen de Verbuet vum Vatikan net 1:1 ëmsetzen."
Duerch déi Nouvelle aus dem Vatikan, wäerte sech Paschtéier hei zu Lëtzebuerg an hirer Praxis, wa se Homosexuell Koppele seenen, och méi sécher kënne spieren, betount de Laurent Boquet.
Heteronormatiivt Verständnis vun enger Koppel bleift
De Laurent Bouquet weist awer drop hin, datt de Vatikan betoune géif, datt d’Koppel ka geseent ginn, net awer d’Verbindung tëschent zwee Männer oder zwou Fraen.
"Dat heescht si maache ganz kloer nach d’Ofgrenzung, mir seenen déi zwee Leit, mee mir seenen net dat wat tëschent deene Leit ass."
Dat géif bedeiten, datt de Vatikan nach ëmmer dat heteronormatiivt Verständnis vun enger Koppel hätt. Dat géif och och no der Nouvelle vu gëschter bestoe bleiwen.