Den CSV-Finanzminister Gilles Roth huet detailléiert Zuelen an der Chamber-Finanzkommissioun virgestallt an do och uklénge gelooss, datt am lafende Joer d‘Ausgabe weider héich wäerte bleiwen.
Investissementer an de Steen nees attraktiv maachen
Bannent dem nächste Mount wëll de Gilles Roth ee Pak u Mesuren ausschaffen, deen de Bausecteur soll relancéieren. Datt et deem net gutt geet weisen d‘Recettë beim Enregistrement, déi 2023 nëmmen hallef sou héich ausgefall sinn. D'Zil vun der Regierung ass et, den Investissement an de Steen erëm attraktiv ze maachen.
De Gilles Roth hält den Inhalt vum Mesurëpäck nach vage. "Dat si steierlech Mesuren, déi kuerzfristeg 2024 sollen ulafen, an awer sollen iwwer dat ganz Joer 2024 gëllen.
"Och deen Deel vun de Mesuren aus dem leschten Tripartitesaccord, notamment d‘Subventiounen am Beräich vun der Energie, wäerten déi nächste Méint nach an d‘Geld goen."
Vum nächste Joer u misst de Rimm da rëm méi enk gezu ginn, fir, sou de Gilles Roth, d‘Schéier tëscht steigenden Depensen an de Recetten zesummenzekréien an d‘Evolutioun vun der Staatsschold erëm no ënnen ze leeden. Do wier Fangerspëtzegefill gefrot.
"Dat heescht, datt een d'Leit net iwwerméisseg steierlech belaascht, well och d'Leit hu Rescht op Kafkraaft, an datt de Staat anersäits d'Investissementer héich hält, mee net alles muss wéi d'Ham an der Mëllech gekacht ginn."
Oppositioun: Spueren duerch méi Effizienz
Bei der Oppositioun liest een engersäits aus de presentéierten Zuelen eraus, datt et der Lëtzebuerger Wirtschaft 2023 gutt gaangen ass. De Franz Fayot ënnersträicht, datt et doduerch „Mehreinname“ gi sinn.
„Zum Beispill am Beräich vun der Betribsbesteierung, déi ass ëm 20 Prozent eropgaangen, awer och bei den Dividenden, d‘Verméigenssteier ass eropgaangen.“
Bësse méi an deene Beräicher erausschloe wier fir den David Wagner eng wichteg Pist.
“Mir mierken, datt et u sech der Wirtschaft gutt geet an do ginn et Méiglechkeete fir géint den Desequiliber ze goen.”
Den Deputéierte vun déi Lénk seet och, et géif bei de Recetten nach Sputt gi fir ze verdeelen a plaidéiert gläichzäiteg fir Spueren duerch méi Effizienz beim Staat.
Theema Tubaksaccisen
Ee Punkt, iwwert deen de Moie méi soll diskutéiert gi sinn, ass iwwerdeems dee vun den Tubaksaccisen. Déi sinn am leschte Joer ëm ronn 18 Prozent geklommen. Kee gutt Zeechen, fënnt déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
“Mir krute gesot, et géingen eventuell Iwwerleeunge gefouert ginn am Kader vum Budget, fir se unzepassen. Mir gesinn, datt an eisen Nopeschlänner déi Upassungen no uewe geschéien, wat natierlech nach méi favoriséiert, datt mir Leit unzéien, fir heihin Tubak kafen ze kommen.”
De 6 Mäerz deposéiert de Finanzminister Gilles Roth de Budget fir dëst Joer an der Chamber.