arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschafte reprochéiere verschiddene Banke kollektiv Entloossungen ze verstoppen

Finanzbranche

|
reading time

1 min

Gewerkschafte reprochéiere verschiddene Banke kollektiv Entloossungen ze verstoppen

Déi dräi Gewerkschaften LCGB, ALEBA an OGBL geheie verschidde Banken zu Lëtzebuerg vir, kollektiv Entloossungen ze verstoppen duerch Methode wéi Outsourcing oder d‘Bezuele vun héijen Indemnitéite bei Departen.

reading time

1 min

Dat wier gängeg Methode bei verschiddene Banken – dorënner „JP Morgan SE-Luxembourg Branch“, esou déi dräi Syndikater an engem gemeinsame Communiqué.

D‘Gewerkschafte schwätze vun engem Manktem u Respekt vis a vis de Salariéeën a vun on-ethesche Praktiken, si ruffen déi Banken op, hir Strategië fir Licenciementer ze iwwerschaffen a méi mënschlech Praktiken anzeféieren.