Radioen

On air

9 bis 1  |  Arlo Parks - I'm Sorry Feat. Lous And The Yakuza

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschafte kritiséieren e Manktem u sozialen Akzenter

Depot vum Budget 2025

Gewerkschafte kritiséieren e Manktem u sozialen Akzenter

De Finanzminister Gilles Roth huet um Mëttwochmoien de Projet fir de Staatsbudget 2025 presentéiert an dobäi ëmmer nees op de soziale Charakter vum Budgetsprojet higewisen. Fir d'Gewerkschafte sinn awer nach net iwwerzeegt. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Et géif ee begréissen, datt de Finanzminister nieft dem Triple-A fir d'Ekonomie elo och den Triple-S fir de staarke Sozialstaat entdeckt hätt.

Manktem u sozialen Akzenter

Positiv wier och, datt d‘Upasse vum Steierbarème confirméiert gi wier. Enttäuscht weist een sech beim OGBL ënner anerem, datt keng Augmentatioun vum Kannergeld ugekënnegt gouf, mee dat wier net den eenzege Manktem, sou d'Nora Back. 

"Mee de Problem ass: Et feelt awer nach immens vill bei de soziale Froen, bei der Lutte géint d‘Inegalitéiten, bei der Kanneraarmut, bei der Fro vum Loun, a bei der Steierfro, an dofir Jo: et feelen eis nach ganz vill Akzenter."

Eng wierklech Léisung fir de Wunnengsproblem?

Datt de Staat och d‘nächst Joer wäert rekrutéiere wier nieft aneren Ukënnegunge scho mol positiv, sou den CGFP-Präsident Romain Wolff. Och wann een sech géif froen, ob d‘Erofsetze vun den Enregistrementskäschten elo wierklech de Wunnengsproblem géif léisen. Déi ugekënnegt Steierreform war ee Punkt, wou den CGFP-Präsident méi genee nogelauschtert huet, d‘Chamber géif bei den Diskussiounen agebonne gi wat normal wier, mee si hätten sech trotzdeem d'Fro gestallt, wou d'Gewerkschafte géife bleiwen. 

"Ech erënnere mech nach äerdeg un en Accord vum 28. November 2014 - jo gutt, dat sinn 10 Joer hir an dat war eng aner Regierung - mee en Accord vun der Regierung mat de Gewerkschaften an do stoung eng Reforme fiscal dran, déi den 1. Januar 2017 sollt ufänken: Les partenaires sociaux seront pleinement impliqués dès les premières étapes de la préparation de la réforme. Mier wiere frou wann dat dës Kéier dann och esou wier."

Fir de Rescht gesäit de CGFP-Präsident ganz vill Positives am Projet, mee vill Zuele missten nach am Detail iwwerpréift gi fir eng komplett Analys.

Den Direkter vun der Chambre de commerce Carlo Thelen huet vun engem optimistesche Budgetsprojet an onsécheren Zäite geschwat. Etgéife mam Stäerke vun der Kafkraaft, den Efforte fir nei guttforméiert Talenter op Lëtzebuerg ze kréien, héijenInvestitiounen  a mam Erofsetze vun der Kierperschaftssteier awerSchrëtt an déi richteg Richtung gemaach ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft