Radioen

On air

Vue sur mer  |  Deep Sea Diver - Shovel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschafte fuerdere Verbesserunge bei de Prestatioune vun der Gesondheetskeess

Am Virfeld vun der Quadripartite

Gewerkschafte fuerdere Verbesserunge bei de Prestatioune vun der Gesondheetskeess

Am Virfeld vun der Quadripartite-Reunioun de Mëttwoch zu Diddeleng fuerderen d’Gewerkschafte Verbesserunge vun de Prestatioune vun der Gesondheetskeess. An engem gemeinsame Schreiwes vu CGFP, FGFC, LCGB an OGBL heescht et zum Beispill datt een, wat Verbesserungen a Saachen Zännfleeg a visuell Hëllefen ugeet, hannendran ass.

auto_stories

2 min

© Adobe Stock
Foto: Adobe Stock

D'Gewerkschafte komme muer um Mëttwoch mat Vertrieder aus Patronat, Regierung, CNS, a Patiente fir d'Quadripartite zesummen. Theme si Remboursementer bei Brëller an Zänndokteschrechnungen. Laang gemaache Versprieche sollen endlech emgesat ginn, sou de Pitt Bach vum OGBL.

"Et ass esou, dass mir effektiv op enger ganzer Rei Punkten - deelweis scho säit 2016 eigentlech - der Quadripartite vun 2016 op eng Verbesserung vu verschiddenen Prestatioune waarden. Déi Verbesserunge sinn 2016 versprach ginn an déi si bis haut nach ëmmer net ëmgesat ginn."

De Pitt Bachplay_arrow

Et wier lo eigentlech un der Ministesch, fir een Zeechen ze setzen an ze kucken, datt déi Verbesserungen och kommen, betount de Pitt Bach bum OGBL. 

LCGB waart op Signaler: "Alles anescht ass net akzeptabel"

Och de Christophe Knebeler vum LCGB ass der Meenung, datt et elo un der Zäit ass, u konkreeten Ëmsetzungen ze schaffen. D'Gesondheetsministesch Martine Deprez misst sech endlech kloer zu engem Zäitplang a Léisunge fir déi verschidde Problemer bei der CNS äusseren.

"Et geet net duer e Verspriechen ze maachen den Assuréen, an da gëtt näischt ëmgesat. An et geet och net duer fir op Problemer hinzeweisen, op Problemer unzeschwätzen, an da gi Conclusioune gezunn, an da kënnt näischt."

De Christophe Knebeler mengt, datt elo vill Matière um Dësch géing leien, an datt d'Fuerderunge kloer wieren. 

"Mir erwaarden eis ganz kloer, dass do e Signal kënnt, an dass och do an deem Sënn e konkreet Engagement kënnt, mat engem konkreeten Timing, wéi elo déi eenzel Punkten da kommen oder ëmgesat ginn, well alles anescht ass net akzeptabel."

De Christophe Knebeler

Haaptthema wäert och déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess CNS sinn, déi zënter Jore rout Zuele schreift.