Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewënner vum Nobelpräis fir Literatur gouf annoncéiert

Nobelpräis

Gewënner vum Nobelpräis fir Literatur gouf annoncéiert

De Literatur-Nobelpräis geet dëst Joer un den norwegeschen Auteur Jon Fosse. Hien ass ausgezeechent gi fir seng innovativ Theaterstécker a seng Prosa, sou déi schwedesch Akademie zu Stockholm.

auto_stories

1 min

Seng Wierker sinn a 40 Sproochen iwwersat ginn a ginn zanter Mëtt den 90er Jore weltwäit opgefouert. Den Jon Fosse gëllt als de gréissten norwegeschen Dramatiker zanter dem Henrik Ibsen.

Experten haten am Virfeld spekuléiert, dass dee Präis kéint un e russesche Schrëftsteller goen, esou datt déi schwedesch Nobelpräisakademie e politesche Message mat deem Präis géif verginn. De Präis ass mat engen 950.000 Euro dotéiert. Muer gëtt dann de Lauréat vum Friddensnobelpräis annoncéiert.