Wéivill vun deene concernéierte Schüler:inne wéinst Gewalt geflu sinn, ass net bekannt. Den OGBL fënnt et awer erstaunlech, datt vill vun deene Schüler:innen, déi géint déi Decisioun e Recours gemaach hunn, erëm zeréck hunn dierften an de Lycée.
D‘Schoulgewerkschaft vum OGBL fënnt, datt doduerch den Androck entsteet, datt de Schutz vun den Täter iwwer de Schutz vun den Affer gestallt gëtt, wa betraffe Jugendlecher mat Affekoten optrieden. Dofir misst kloer an däitlech vermëttelt ginn, datt Gewalt-Verhalen an de Schoulen net toleréiert gëtt.
Iwwerdeems fuerdert den OGBL, datt Gewalt-Virfäll an de Schoule systematesch statistesch erfaasst misste ginn. Dat ass am Moment nämlech net de Fall.