Déi gréng haten dës Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun ugefrot.
D‘Martine Deprez hat den Dr. Philippe Wilmes temporär suspendéiert nodeems aner Dokteren him reprochéiert hunn, u gesonde Knéien operéiert ze hunn.
De Philippe Wilmes huet an engem oppene Bréif un de Premier Luc Frieden gefuerdert, datt seng Suspendéierung direkt nees opgehuewe misst ginn. A sengem Bréif un de Premier, deen um Weekend public gouf, gehäit de Philippe Wilmes der Gesondheetsministesch Martine Deprez an dem Collège Medical vir, hien ouni fair Prozedur suspendéiert ze hunn.