arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesondheetsministesch wäert den Deputéierte Ried an Äntwert stoen: War d'Prozedur fair?

Affär Wilmes

|
headphones

1 min

Gesondheetsministesch wäert den Deputéierte Ried an Äntwert stoen: War d'Prozedur fair?

D‘Affär ëm deen temporär suspendéierte Chirurg Philippe Wilmes ass um Méindeg de Mëtteg Theema an der Chamberkommissioun „Gesondheet a Sécurité Sociale“. Eng éischte Kéier wäert do d‘CSV Gesondheetsministesch Martine Deprez den Deputéierten zu dëser Affär Ried an Äntwert stoen.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Déi gréng haten dës Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun ugefrot.

D‘Martine Deprez hat den Dr. Philippe Wilmes temporär suspendéiert nodeems aner Dokteren him reprochéiert hunn, u gesonde Knéien operéiert ze hunn.

De Philippe Wilmes huet an engem oppene Bréif un de Premier Luc Frieden gefuerdert, datt seng Suspendéierung direkt nees opgehuewe misst ginn. A sengem Bréif un de Premier, deen um Weekend public gouf, gehäit de Philippe Wilmes der Gesondheetsministesch Martine Deprez an dem Collège Medical vir, hien ouni fair Prozedur suspendéiert ze hunn.