search

/ Gesetzesprojet fir d'Pensiounsreform ass ugeholl

Chamber

|
headphones

1 min

Gesetzesprojet fir d'Pensiounsreform ass ugeholl

De Gesetzprojet fir d'Pensiounsreform ass mat 34 Jo- bei 25 Nee-Stëmmen ugeholl ginn. D’Oppositioun hat an den Debatte kee gutt Wuert un där Reform gelooss.

headphones

1 min

Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

Déi vun der Sozialministesch Martine Deprez virgeluechte Reform gesäit jo ënner anerem eng Hausse vun der Cotisatiounsdauer ëm 8 Méint an d’Hausse vum Cotisatiounstaux op jee 8,5 Prozent fir d’Salariéen, d’Patronen an de Staat vir.

D’Oppositioun huet kee gutt Wuert un där Reform gelooss. Si wier net am Dialog an am Konsens zustane komm a géif keng Previsibilitéit ginn.

Dogéint hunn d’Majoritéitsvertrieder gemengt, d’Regierung hätt Verantwortung iwwerholl, wou Anerer gezéckt hätten, an d’Reform géif Zäit ginn, fir iwwer méi eng déifgräifend Reform nozedenken.