Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vum 1. Januar un: Steierbarème gëtt u véier Indextranchen ugepasst

Gréng Luucht an der Chamber

Vum 1. Januar un: Steierbarème gëtt u véier Indextranchen ugepasst

Steierfroe stounge gëschter um Mëttwoch um Ordre du jour vun der Chamber mat virop der Adaptatioun vum Steierbarème u véier Indextranchen. Dat vum éischte Januar vum nächste Joer un.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Chambre des députés play_arrow
(Foto: Chambre des députés)

2,5 Tranchë waren nach vun der aler Regierung am Juni vum leschte Joer decidéiert ginn, elo kommen nach eemol 1,5 Tranchen drop. Fir den CSV-Finanzminister Gilles Roth hätt déi schwaarz-blo Koalitioun domadder een éischt Verspriechen ageléist.

"Virun allem ass et eng Entlaaschtung vun all de Steierzueler iwwer de Barème. Et ass eng strukturell Moossnam, déi bewierkt, datt d'Leit ab dem Januar 24 méi Netto vum Brutto hunn."

Am ganze wäert de Staat dës Adaptatioun eng 480 Milliounen Euro ze stoe kommen. De Finanzminister Gilles Roth huet weider Entlaaschtungen net ausgeschloss. Dat awer viraus gesat, datt d'Finanzsituatioun et erlaabt. 

Kritik vun der LSAP

Amplaz de Barème unzepassen hätt een dës Sue sollen huelen an déi ënnescht Akommesklassen entlaaschten, zum Beispill duerch Steierkreditter, sou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Vun der Upassung géife virun allem déi profitéieren, déi vill hunn.

"Déi dote Politik passt allerdéngs och e bësse bei de Verglach, deen Dir, Här Finanzminister, beméit hutt, wann der vun de Biergerinne schwätzt als Aktionär vun dësem Land. Här Finanzminister, fir eis ass d'Lëtzebuerger Land keng Aktiegesellschaft, an neen, an eisen Aen ass och deen, dee méi Steiere bezuele kann, soll dofir net besser behandelt gi bei enger Steierreform."

"Douzième provisoire" gouf ugeholl

Et wier komesch, datt grad déi Partei, déi d’automatescht Upassen un de Barème ofgeschaaft huet, elo géif dervunner schwätzen, datt d'Steierzueler zéng Joer laang Suen aus der Täsch gezu kritt hätten, esou d’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson. Steiere bezuelen dierft een och net als Geldklau bezeechnen.

"A wa mir wëllen, datt déi, déi manner hunn, déi, déi am Besoin sinn oder méi Hëllef brauche wéi anerer, wa mir gär hätten, datt déi kënne vum Staat ënnerstëtzt ginn, och dofir brauche mir Steierrecetten. Dat klaut de Staat net, e verdeelt ëm, en hëlleft Ongerechtegkeeten aus der Welt ze schafen."

Ugeholl gouf gëschter dann och de sougenannten douzième provisoire: een Iwwergangsbudget, deen et der Regierung erlaabt, déi nächst véier Méint de Staat um Lafen ze halen an zum Beispill d’Paie vun de Staatsbeamten auszebezuelen. 

Lauschterenplay_arrow