Radioen

On air

9 bis 1  |  Kevin Morby - Gift Horse

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gerard Collomb ass dout

Frankräich

Gerard Collomb ass dout

De Gerard Collomb ass dout. Hien ass mat 76 Joer u Kriibs gestuerwen. De Gerard Collomb war 16 Joer, tëschent 2001 an 2017, Buergermeeschter vu Lyon, war awer och annerhalleft Joer franséischen Inneminister.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Julien Mattia
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Julien Mattia)

Vun 2017 bis 2018 an der éischter Regierung vum Emmanuel Macron, war hien Inneminister. Nodeem de Macron seng liberal Beweegung En Marche 2016 gegrënnt hat, hat de Collomb him séier eng Ënnerstëtzung zougeséchert. Ugefangen hat de Collomb seng politesch Karriär an der sozialistescher Partei, dem PS.