arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geplangte Generalstreik: Portugal dreet nächst Woch e Stëllstand

Opruff vun de Gewerkschaften

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Geplangte Generalstreik: Portugal dreet nächst Woch e Stëllstand

Den nächste Mëttwoch, den 3. Juni, gëtt a Portugal gestreikt. Déi gréisst Gewerkschaftsorganisatioun protestéiert géint d’Aarbechtsreform vun der Mëtt-riets-Regierung vum Premier Luis Montenegro - mat méi wéi 100 geplangten Ännerungen am Code du travail.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/ANTONIO COTRIM
(Foto: EPA/ANTONIO COTRIM)

Eng Korrespondenz vun der Marine Caboche

Déi vun der Minoritéitsregierung geplangte Reform vum Aarbechtsrecht soll de Betriber méi Flexibilitéit ginn an d’Wirtschaft méi kompetitiv maachen. Ënner anerem geet et ëm méi laang zäitlech limitéiert Aarbechtsverträg a méi Méiglechkeeten, Aarbecht un extern Firmen ofzeginn.

Och d’Reegele bei Entloossunge sollen änneren.

Ugrëff op d'Rechter

Der CGTP, der gréisster Gewerkschaftsorganisatioun am Land, stéisst dat sauer op. Si fäert, datt d’Reform de Patronen nach méi Muecht gëtt an de Schutz fir d’Salariéë weider schwächt.

D’Gewerkschaft rifft dowéinst all Salariéen am ëffentlechen a private Secteur zum Generalstreik op. Och déi, déi net syndiquéiert sinn.

Fir d’CGTP ass déi geplangte Reform ee vun de gréissten Ugrëffer op d’Rechter vun de Salariéen. Portugal hätt schonn haut e Problem mat prekärer Aarbecht: No Zuele vun 2023 wiere bal 1,3 Millioune Salariéen ënner prekäre Konditiounen, also bal en Drëttel vun alle Salariéen.

Méi wéi 500 Flich si betraff

Besonnesch am ëffentlechen Transport kéint de Streik ze spiere sinn. Och Mataarbechter vu Bussen, Trammen, Metroen an Zich sinn opgeruff, den 3. Juni net schaffen ze goen. Net nëmmen zu Lissabon, mee och zu Porto an anere Regioune vum Land.

Och am Loftverkéier gëtt mat Problemer gerechent. Méi wéi 500 Flich kéinten ausfalen, verspéit sinn oder ëmgeplangt ginn. Och schonn den Dag virdrun oder den Dag duerno.

Reesender op a vu Portugal solle sech fir Mëtt nächst Woch also op Ännerungen am Fluchplang astellen.

Chaos um Flughafe Lissabon virprogramméiert

Besonnesch zu Lissabon kéint et komplizéiert ginn. De Fluchhafe kämpft schonn elo mat laange Waardeschlaange bei de Passkontrollen - virun allem bei Flich ausserhalb vum Schengen-Raum.

De Streik kéint déi Situatioun um Ufank vun der Summersaison nach verschäerfen.

Och de Gesondheetsberäich ass betraff

Och am Gesondheetssecteur kéint de Generalstreik Auswierkungen hunn: Dokteren an Infirmièren aus ëffentlechen a private Strukture sinn zum Streik opgeruff. Noutfäll a minimum Servicer sollen awer weider assuréiert bleiwen.

Schonn am Dezember 2025 haten d’Gewerkschaften zu Portugal zu engem Generalstreik géint d'Aarbechtsreform opgeruff. Et war den éischte Generalstreik a Portugal zënter der Zäit vun de Spuermesuren am Joer 2013.

play_arrow Lauschteren