arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Boykott ronderëm den ESC - Wat seet déi Lëtzebuergesch Musekszeen dozou?

Eurovision Song Contest

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Boykott ronderëm den ESC - Wat seet déi Lëtzebuergesch Musekszeen dozou?

Mam Optakt vum Eurovision Song Contest dës Woch klëmmt net nëmmen de Fans hir Virfreed, mee och d’Boykottopriff vun de Kritiker:innen ginn ëmmer méi haart. An der Haaptsaach wéinst der Participatioun vun Israel gëtt de weltwäit gréisste Museksconcours ëmmer méi vu Kontroversen ageholl.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© EPA/HANNIBAL HANSCHKE
(Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

Drock op d'Organisateure vum Eurovision Song Contest maache mëttlerweil awer net méi just Kritiker:innen, mee och Kënschtler:innen aus der Musekszeen selwer.

En internationalen Zesummeschloss aus mëttlerweil iwwer 1.800 Kënschtler:inne boykottéiert den ESC a fuerdert, datt d’EBU Israel vum Concours ausschléisst. Dorënner sinn och Lëtzebuerger Museker, déi selwer scho beim Eurovision Song Contest involvéiert waren. 

"No Music for Genocide"

Den Eurovision Song Contest géif Gewalt normaliséieren, esou ee vun de Reprochen aus dem oppene Bréif un d’EBU vum Kënschtler-Zesummeschloss, ënner dem Slogan “No Music for Genocide”.

Ënner de Signatairë sinn och 35 Lëtzebuerger Kënschtler, wéi Francis of Delirium, Maale Gars, oder nach Culture the Kid. Ma och den EDSUN an den Adriano Selva, déi sech selwer schonn als Kandidate fir den ESC probéiert hunn, ënnerstëtzen elo de Boykott.

A Form vun engem Interview wollte si sech awer net dozou äusseren. Et wéilt een déi ganz Eurovisioun elo einfach hanner sech loossen, esou den Adriano Selva op Nofro hin.

Kritik un ECS och aus Lëtzebuerg

Och den MAZ UNIVERZE gehéiert zu de Signatairen, nach 2023 hat hie sech selwer als Kandidat fir den LSC probéiert. Seng Kandidatur hätt hien deemools nach virum 7. Oktober 2023 gestallt.

Duerno hätt sech seng Vue op de Contest da geännert, well hien et perséinlech fir komesch hält, datt den ESC Israel matmaache léisst, obwuel et mëttlerweil ganz vill Beweiser géifen, datt et sech ëm e Genozid handelt. 

"Respektiv scho vill verschidden Associatioune weltwäit deklaréiert hunn, datt dat wat si a Gaza gemaach hunn u sech schonn e Genozid ass.”

Fënnef Länner, also Holland, Irland, Island, Slowenien a Spuenien, hu schonn am Dezember zejoert ugekënnegt, den ESC wéinst der israeelescher Participatioun ze boykottéieren.

Ëmmer erëm gëtt an de Boycott-Opriff argumentéiert, och Russland wier nom Ugrëff op d’Ukrain vum ESC ausgeschloss an an der EBU suspendéiert ginn. Effektiv haten d’Organisateuren am Joer 2022 fir d’éischt argumentéiert, de Concours wier onpolitesch a Russland dierft matmaachen.

Nom Drock vu ville Säite gouf déi Positioun revidéiert. Dozou seet de MAZ:

“Wann den ESC seet, datt et en onpolitesche Concours wier, dann wier dat jo eng Saach. Mee de Fakt, datt si Russland ausgeschloss hunn, ass jo ganz kloer e politesch Zeeche setzen."

Politesch Messagen op der Bün si verbueden

Den ESC misst sech deemno entscheeden. Entweeder si sinn onpolitesch an all Land ka matmaachen, esou den MAZ. Oder den Eurovision Song Contest wier eeben e politesche Concours, mee da missten och déi selwecht Reegelen applizéiert gi bei all Land. 

"Esou gesinn ech dat perséinlech.”

Politesch Statements egal a wéi enger Form sinn op der Bün vum ESC ausdrécklech net erlabt. Mee a politesche Konflikter kéinten awer och Kënschtler eng Roll spillen, mengt nach de MAZ. 

"Leider, mengen ech, a verschiddene Fäll geet et net aneschters wéi ebe grad mat Musek a mat Konscht an ebe mat esou Contester Zeechen ze setze géint politesch Gewalt.”

An awer, 95.000 Tickete goufen insgesamt fir all d’Shows dës Woch verkaf, déi Zuel huet d’EBU op d’mannst mol offiziell genannt. Dat sinn der esou vill wéi nach ni an der Geschicht vun der Eurovisioun.

Wien preparéiert sech op Touristen ma och op Protestaktiounen

D’Stad Wien preparéiert sech op ee groussen Touristen-Undrang an déi lokal Police rechent mat gréissere Protestaktiounen, virun allem um Dag vun der Finall. D’Sécherheetsmesurë wieren dofir däitlech eropgeschrauft ginn, heescht et nach vun den Autoritéiten éisträichesche Medie géintiwwer.

Op der EBU-Generalversammlung am Dezember gouf ee Mesurëpak gestëmmt, deen d’Diskussiounen entschäerfe soll.

Ënner anerem dierf an Zukunft keng iwwerméisseg Reklamm fir eenzel Kënschtler méi gemaach ginn an déi technesch Sécherheetssystemer sollen iwwerschafft ginn, mam Zil, koordinéiert Aktivitéiten beim Voting ze kontrolléieren. 

Israel: Publikumsvott beaflosst 

Hannergrond ass, datt eng Enquête vun der EBU opgedeckt hat, datt eng gréisser Campagne vun enger Agence vun der israeelescher Regierung lancéiert a finanzéiert gi war. Israel huet reprochéiert krut, de Publikumsvott esou beaflosst ze hunn. Israel hat an eeben dem Joer gewonnen. Trotz de ville Protester hält d’EBU deemno awer un der israeelescher Participatioun fest.

Muer um Dënschdegowend ass et déi éischt Halleffinall, an där ënner anerem Israel vertrueden ass.

En Donneschdeg ass et déi zweet Halleffinall, an där sech decidéiert, ob Lëtzebuerg weiderkënnt oder net, an e Samschdeg ass dann déi grouss Finall.

play_arrow Lauschteren