Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geothermie: Lëtzebuerger Schatzsich am Minett

Miessungen zu Geothermie

Geothermie: Lëtzebuerger Schatzsich am Minett

E Schatz a Form vu bis zu 70 Grad waarmem Waasser gëtt zwee Kilometer ënnert dem Buedem tëscht Esch an Diddeleng gesicht. Et kéint ee Geothermie bedreiwen a ganz Stadquartieren ouni CO2-Emissiounen hëtzen. Dofir ginn opwenneg Miessungen duerchgefouert.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Mat dese Spezialcamionen ginn d‘Vibratiounstester duerch gefouert. (Foto: Jacques Ganser)

Aktuell an nach bis an den Dezember era bitt sech op de Stroossen tëscht Esch, Schëffleng, Keel an Diddeleng ee komescht Spill: E Cortège vun dräi bis véier Camione bleift all puer Meter stoen, en Zylinder gëtt op de Buedem erofgelooss a fänkt un ze vibréieren. 1.700 mol gëtt dës Prozedur am Ganze widderholl, eng 2.000 Sensore miessen d’Vibratiounswellen, déi dobäi entstinn.

Eng Analys vum Ënnergrond

De Robert Colbach, Direkter vum Service géologique vun de Ponts et Chaussées, erkläert wat genau et mat dëse Miessungen op sech huet. Déi ganz Streck wier am Viraus definéiert ginn. All fënnef Meter wiere Capteuren opgestallt ginn, déi d’Vibratioune vun de Camionen empfänken an enregistréieren. D’Reflexioun vun dëse Vibratioune mécht sech nämlech op de sougenannte geologesche Schichten.

“No ganz vill Gerechens an no ganz vill Informatik kréie mer dann esou e Bild vum Ënnergrond, dat gesäit aus wéi en Ultraschall, wou een da gesäit wéi d’Schichten effektiv verlafen”

Et wéilt een nämlech erausfannen, wéi genau déi eenzel Schichten ënnert der Regioun vum Minett verlafen.

De Grond fir d’Analysen

Et wier keen Zoufall, datt grad an där Géigend Analysen duerchgefouert géife ginn. Éischt Buerungen hätte scho gewisen, datt duerchaus Potential kéint bestoen. 2018 wier zu Diddeleng schonn eng éischt Déiftebuerung vu 420 Meter ënnerholl ginn. Vermutt gëtt eng Plaz tëscht Esch an Diddeleng, wou d’Schichte méi déck sinn.

“Dat dierft dann als Resultat mat sech bréngen datt déi interessant Schicht méi déif läit, a wie seet méi déif seet méi waarm Temperaturen.”

Ëm dräi Grad géif d’Temperatur mat all 100 Meter Déift klammen, seet de Robert Colbach.

Eng natierlech Heizung

Idealerweis géif d’Waasser an de bis zu 2000 Meter déiwe Späicheren op Temperature vu 70 Grad kommen. Dat géif duergoe fir eng sougenannt geothermesch Heizungsanlag ze bedreiwen. Dofir géifen zwou Buerunge pro Site virgeholl ginn, eng fir d’waarmt Waasser eropzepompelen, an eng fir et duerno erëm eroflafen ze loossen.

Mat engem sougenannte Wärmetauscher gëtt d’Hëtzt vum Waasser genotzt fir en zentralen Heizungssystem unzedreiwen. De Robert Colbach betount, et géif een esou Energie hierstellen ouni den Asaz vu fossille Brennstoffer. Et géif een och net d’Buedemstruktur vun der Regioun veränneren, well d’Waasser nees zréck an de Buedem gepompelt gëtt.

Warm Waasser erauspompelen a kaalt Waasser nees zréck pompelen: Dat ass de Prinzip vun der Geothermie. | © Jaques Ganser
Warm Waasser erauspompelen a kaalt Waasser nees zréck pompelen: Dat ass de Prinzip vun der Geothermie. (Foto: Jaques Ganser)

Nohalteg Hëtzen

Fir den Diddelenger Buergermeeschter, Dan Biancalana, ergi sech mat der Geothermie virun allem fir den zukünftege Quartier Neischmelz interessant Optiounen a Saachen nohalteg Hëtzen. Zesumme mam Fonds de Logement a mat spezialiséierte Betriber géif ee kucke fir d’Potenzial vun der Geothermie kënnen ze notzen.

“Wann dat och méiglech wier, kéint engersäits de Quartier selwer iwwer d’Geothermie natierlech beliwwert ginn, awer och, wann d’Méiglechkeet besteet, doriwwer eraus och nach e gudden Deel vun der Stad Diddeleng.”

Dat wier natierlech ze begréissen a ganz positiv fir déi Ressourcen ze notzen, erkläert den Diddelenger Buergermeeschter.

Allerdéngs wier dat Ganzt den Ament nach Zukunftsmusek, genau esou wéi och de Projet vum Heize vum zukünftege Quartier Metzeschmelz zu Esch-Schëffleng. Fir d’éischt misst een elo mol d’Resultater vun de Miessungen ofwaarden. Dës sollen Enn Februar virleien.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit