Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Mischo: Lëtzebuerger Positioun ass onverännert

ÉISCHTEN OPTRËTT ZU BRÉISSEL

Georges Mischo: Lëtzebuerger Positioun ass onverännert

Bei senger éischter Entrevue op EU-Niveau gouf den neie Lëtzebuerger Aarbechtsminister mam Reglement iwwer d‘Koordinatioun vun de Sécurité Sociale Systemer konfrontéiert. Spuenien wëll d‘Diskussioun nei lancéieren. Wéi ass awer nach net kloer.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
De Georges Mischo bei sengem éischten Optrëtt op der europäescher Bün. (Foto: European Union)

D’Europäesch Kommissioun hat d’Propos fir dat Reglement „883“ schonn 2016 gemaach. Zanterhier war et awer net méiglech, d’Europaparlament an d’Memberlänner op een Nenner ze bréngen.

Spuenien wëll neien Ulaf huelen

Uganks leschter Woch hat Spuenien, wat den Ament déi europäesch Presidence huet, annoncéiert, et géif Beweegung am Dossier ginn. Dowéinst wéilt een elo d’Negociatioune mam Parlament nei lancéieren. Den neie Lëtzebuerger Aarbechtsminister kritiséiert dat.

"D’Spuenier hate kee Mandat fir dat unzegoen. Dofir si mir elo bëssen iwwerrascht ginn. Ech hat de Moien eng Bilateral mat der hollännescher Ministerin, do hu mir dat ugeschwat, datt mir et net gutt fannen, datt do kee Mandat geholl ginn ass, fir Diskussiounen ze féieren. Dofir waarde mir elo of, wat dobäi eraus kënnt."

Et ass net sécher, datt d’Memberlänner prett sinn, der spuenescher Presidence dat Mandat ze ginn. Sécher ass, datt sech un der Lëtzebuerger Positioun och ënnert engem CSV-Minister näischt Fundamentales geännert huet.

Lëtzebuerg bleift kritesch

D’Lëtzebuerger Oppositioun huet haaptsächlech eppes mat den iwwer 215.000 Frontalieren ze dinn. Dem neie Reglement no kréiche si no enger Zäit ee Recht op Chômage, an dat kéint de Staat vill méi dier ginn, wéi d’Indemnitéiten, déi bis elo duerch bilateral Accorden un d’Nopeschlänner bezuelt ginn .

“D’Positioun bleift déi selwecht, dat hunn ech och an de Bilaterale mam belschen an däitsche Kolleeg gesot, an datt mir natierlech hoffen, datt deen Dossier, deen elo e puer Joer um Bockel huet, elo rutscht.”

Fir datt e rutscht, misst allerdéngs och de Grand Duché sech beweegen. Et wier ee kompromëssbereet, sou de Goerges Mischo. Wou genee, wollt de neie Minister net verroden.

“Et muss awer trotzdeem op eis gelauschtert ginn an et mussen eis Iddie mat dra kommen, well soss kann et näischt ginn.”

Nicolas Schmit elo op där anerer Säit

D’Digitaliséierung kéint hëllefen ee Kompromëss ze fannen, sot am September den EU-Kommissär fir d’Aarbecht a Soziales, de Nicolas Schmit. Am 100Komma7-Interview sot hien och, datt Lëtzebuerg kéint iwwerstëmmt ginn.

„Dat gëtt jo net unanime decidéiert. Dat ass eng Saach vu Majoritéiten. Zwou Presidencen hate gemengt, si hätten eng Léisung fonnt, dat ass awer net méiglech gewiescht, well de Conseil zwee Mol, ech menge schonn och mat de Votte vu Lëtzebuerg, dat refuséiert huet.“

D’Kommissioun géing all Tentative, d’Diskussioun op en Neits ze lancéieren, ënnerstëtzen, sou de Nicolas Schmit.

ADEM nach net prett

Als fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister huet hien zu de Kritiker vum Reglement gehéiert an deemools fir de Grand Duché eng Iwwergankszäit ausgehandelt, mam Argument, datt d’Administratiounen - also an deem Fall d’ADEM - méi laang Zäit bräichten, fir mat esou enger grousser Zuel vu potentiellen neie Clienten eens ze ginn.

De Georges Mischo hat e Freideg eng éischt Entrevue mat der ADEM. Obwuel den Accord zanter Jore schleeft, ass een op där Säit nach net prett. De Minister well virun doriwwer schwätzen.

“Et ass nach e bëssen eppes ze maache mat der ADEM an do wäert ech kucken an der nächster Reunioun, datt mir dat Thema behandelen.”

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik