Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Whitest Boy Alive - Intentions

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Georges Mischo: D'Situatioun bei Ampacet ass "inakzeptabel"

Streik bei Ampacet

Georges Mischo: D'Situatioun bei Ampacet ass "inakzeptabel"

De Streik bei der amerikanescher Firma Ampacet geet weider. Gëschter um Donneschdeg wier dann och de Sous-Direkter vun Ampacet op de Streikposte komm, esou den OGBL. Elo géif een drop waarden, datt d’Direktioun sech bei hinne fir ee Gespréich mellt.

auto_stories

1 min

D’Direktioun huet sech iwwerdeems virgëschter geriichtlech den Zougang zur Entreprise – an domat och zur Produktioun – ofséchere gelooss. De Streikposte wier awer net um Terrain vun Ampacet, esou den OGBL. Donieft hat den neien Aarbechtsminister Georges Mischo gëschter Entrevuë mat de Sozialpartner, dorënner eben och d’Gewerkschaft OGBL, déi fir de Streik bei Ampacet opgeruff hunn.

Hie wier als neien Aarbechtsminister komplett dogéint, datt de Sozialdialog a senge Fundamenter ënnergruewe gëtt, esou de Georges Mischo am 100,7 Interview.

"Mir hunn d’Situatioun lo mol am Detail beschwat, wéi dat elo alles zustane komm ass. An ech fannen déi dote Situatioun einfach inakzeptabel, datt een de sozial Dialog ofbrécht, datt een d’Fundament vun engem Kollektivvertrag einfach ignoréiert a mat Féiss trëppelt. Dat kann ech als Minister net akzeptéieren, an dat hunn ech och de Sozialpartner gesot, a si waren zefridde mat der Ausso, well mir do absolut op enger Linn léien."

Et wier een als Aarbechtsministère prett fir ze intervenéieren, esou nach de Georges Mischo, et misst een awer elo mol ofwaarden, wéi sech d’Situatioun weider entwéckelt.