Radioen

On air

Notturno  |  Floating Points - Vocoder

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Genozid am Ruanda: Optakt vum Prozess ëm ee fréieren Dokter zu Paräis

De "Metzler vun Tumba"

Genozid am Ruanda: Optakt vum Prozess ëm ee fréieren Dokter zu Paräis

Zu Paräis ass et haut den Optakt vun engem neie Prozess ronderëm de Genozide vun den Tutsien am Ruanda. Et ass de 6. Prozess ronderëm dee Genozid.

auto_stories

1 min

Op der Uklobänk ass ee ruandeschen Dokter. Dee gëtt beschëllegt, bei de Massakeren 1994 bedeelegt gewiescht ze sinn. Den 68 Joer ale Sosthène Munyemana gëtt, ënner anerem, wéinst Genozid a Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet jugéiert, a riskéiert liewenslaange Prisong.

Beim Genozid am Ruanda sinn, tëscht Abrëll a Juli 1994, iwwer 8.000 Mënschen ëmbruecht ginn. Sechs Männer si schonn a Frankräich wéinst deem Vëlkermord verurteelt ginn.