search

/ ADR scheitert mat Motioun: Chamber stëmmt fir Rechter vu LGBTQIA+-Persounen

Genderneutral Toiletten

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

ADR scheitert mat Motioun: Chamber stëmmt fir Rechter vu LGBTQIA+-Persounen

Am Kontext vun der Debatt ëm genderneutral Toiletten an de Schoule goufen an der Chamber dräi Motiounen diskutéiert. Keng Majoritéit gouf et fir d’Motioun vum ADR-Deputéierte Fred Keup, déi explizit fuerdert an Zukunft an alle Schoulen separat Jongen- a Meedercherstoiletten bäizebehalen.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack
(Foto: picture alliance / Jochen Tack | Jochen Tack)

D’ADR wéilt sécher goen, datt separat Jongen- a Meedercherstoiletten an de Schoulen net géife verschwannen, dofir hir Motioun. De Fred Keup huet et sech och net huele gelooss fir Kritik vis-à-vis vun der LGBTQIA+-Communautéit als Meenungsfräiheet ze bezeechnen.

“An dat heescht och, datt een d'Recht huet, dat LGBTQIA+ -Konzept an dee Plang, a besonnesch dat Bild och, wat d'Madamm Ministesch Backes dovunner gëtt, an alles wat domat ze dinn huet, dat ofzeleenen an ze kritiséieren.”

Mat där Meenung ass d’ADR allerdéngs eleng bliwwen an der Chamber.

Joëlle Welfring (déi gréng): "CSV op Well vu Rietse matgesurft"

Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring huet betount, datt d’CSV-DP-Regierung et dem rietse Bord duerch eng onkloer Kommunikatioun einfach gemaach hätt fir Angscht an der Gesellschaft ze schüren. An och d’CSV wier drop gesprongen. 

"Mat enger kommunikativer Flucht no vir duerch Posts op de soziale Medie vusäite vun der CSV, déi domat probéiert huet op enger Well vun deene ganz rietse matzesurfen."

Doropshi wier et zum Revirement vum DP-Educatiounsminister komm.

Déi ursprénglech innovativ Iddi vum Konzept vun genderneutralen Toiletten wier schlecht preparéiert gewiescht an duerch d’Zeréckrudderen wier d’Resultat elo eng zousätzlech Toilett, déi einfach als “Queer-Toilett” kéint ofstempelt ginn, esou nach d’Joëlle Welfring.

D’Debatt ronderëm genderneutral Toilettë wier bewosst kënschtlech opgeblose ginn, fir ee Gefill vu Gefor ze provozéieren, huet iwwerdeems d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt kritiséiert.

Motioun géint all Form vun Diskriminatioun gouf ugeholl

D‘ADR géif bewosst ee Kulturkampf féieren. Si géifen d‘Gesellschaft splécken an Trans- an Intergeschlechtlech Mënsche stigmatiséieren, amplaz hir Grondrechter ze respektéieren, esou d‘Claire Delcourt.

"A fir d'LSAP ass kloer, all Mënsch huet déi selwecht Würd, déi selwecht Rechter, dat selwecht Recht ze liewen, wéi en ass. Et ginn Intergeschlechtlech Mënschen. Et ginn Trans an Net-binär Persounen. Dat ass keng Meenung. Dat ass eng Liewensrealitéit vu ville Leit."

Déi zwou aner Motiounen eng Kéier eng géint all Form vun Diskriminatioun an de Schoulen an eng aner zu de Rechter fir LGBTQIA+-Persounen, goufen alle béid majoritär vun der Chamber ugeholl.

Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch huet zum Ofschloss vun der Chamberdebatt betount, datt den Debat publique vu vir eran op falsche Promisse opgebaut gi wier an hien huet widderholl, datt déi seperate Toiletten elo bleiwe wäerten, mee eng drëtt genderneutral Toilett dobäi wäert kommen. 

play_arrow Lauschteren