search

/ Gemeng wëllt sech esou laang wéi se ka géint d'Ausbaue vum Tanklager wieren

Gréiwemaacher

|
headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Gemeng wëllt sech esou laang wéi se ka géint d'Ausbaue vum Tanklager wieren

Am Mäerterterhafe kënnen elo schonn a groussen Tanke 60.000 Meter Kipp Bensinn, Diesel a Mazout stockéiert ginn. D'Firma Tanklux wëllt elo d'Lagercapacitéiten nach emol däitlech vergréisseren. Firwat wiert d'Gemeng vu Gréiwemaacher sech vehement dogéint?

headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Op 150.000 Meter Kipp wëllt d'Entreprise d'Tanklager ausbauen. Dat ass méi wéi duebel esou vill wéi haut. Grad an Zäite vun Elektromobilitéit an Hëtzepompelen géif si net agesinn, dat esou auszebauen, seet d'Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher, d'Monique Hermes. 

"Mir sinn einfach der Meenung, datt et an dësem Zäitalter net méi ubruecht ass esou grouss Tanken. Et steet do Bensinn, Diesel a Kerosin." 

D'Buergermeeschtesch betount, et géif een alles maachen, wat legal méiglech ass, dobäi géif een awer de Ball spillen, an net de Mann. 

Och d'Bierger:inne wiere sech 

Haut um Dënschdeg wëllt een als Gemeng d'Dieren opmaachen, fir datt d'Leit aus der Gemeng hir Bedenke kënnen äusseren. 

"An herno, wann d'Prozedur méi wäit geet, da kënne mir ganz kloer soen hei, esou vill Awänn hu mir. Mir hunn och schonn eng Partie schrëftlech Awänn. Mir hunn ee ganz, ganz interessanten Awand vu 15 Säiten, wou ganz vill gutt Argumenter dra stinn. All déi Saache kënne mir herno virbréngen."

Ee weidert Argument ass, datt dat Tanklager einfach net schéi wier, esou nach d'Monique Hermes. 

play_arrow Lauschteren