arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch erméiglecht Solaranlagen op klengem Wunnraum

"solar.esch"

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Esch erméiglecht Solaranlagen op klengem Wunnraum

Solaranlagen um Balcon: Dat wëll d’Stad Esch elo méiglech maache mam Pilot Projet "solar.esch", deen de Freideg de Mëtteg virgestallt gouf. Domat soll Solarenergie och op klengem Wunnraum fir Appartementer zougänglech ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D‘Sonnenenergie soll deemno net méi exklusiv fir Proprietäre mat engem eegene Daach zougänglech sinn, sot hien, mee och fir Leit, déi an Appartement wunnen.

"Iwwer 23.000 Escherinnen an Escher wunnen an engem Appartement. Also méi wéi 64% vun eiser Populatioun. Dës Leit ware bis elo quasi ausgeschloss vun der Energietransitioun."

De Pilotprojet fir Balconssolaranlagen ass elo mol op 500 Installatioune limitéiert, mat engem Budget vun 250.000 Euro, deen d‘Stad Esch, den Ëmweltministère a Südstroum zur Verfügung stellen. Si droen de Gros vun de Käschten, fir d‘Leit kaschten déi Panneauen dann nach 150 Euro fir een, an 250 Euro fir zwee Stéck. D‘Installatioun, an eng Berodung, sinn do mat abegraff an eventuell och e Stecker, wann et nach keen um Balcon gëtt. D'Installatioun wier ganz einfach, erkläert de Meris Sehovic: "No der Montage um Balcon geet et duer, fir de Kabel a seng elektresch Steckdous ze stiechen."

Dee produzéierte Solarstroum kéint dann direkt an den eegene Verbrauch gespeist ginn. Domat kéint Stroumrechnung – am beschte Fall – bis zu 25 Prozent reduzéiert ginn.

De Pilot-Projet "Solar.Esch", eng Première zu Lëtzebuerg, hätt virun allem d'Zil, d'Energietransitioun méi sozial gerecht ze maachen, huet de Meris Sehovic nach betount.

"(…) well duerch Solar-Esch Locatairen, Leit mat Balconen, Leit mat klenge Revenuen, elo endlech en aktiven Deel kënne gi vun der Stroumproduktioun hei um Eschter Territoire."

D'Demande fir eng Balkonssolaranlag kann een um Internetsite vun der Gemeng Esch maachen.

play_arrow Lauschteren