Zu Grenoble sinn d’Ekologisten zënter en Donneschdeg regroupéiert. Hir Spëtzekandidatin fir den Elysée ass d’Parteichefin Marine Tondelier. Si sot awer gëschter, si wéilt am léifsten eng gemeinsam Kandidatur vun der Gauche.
Eleng wier keng lénk Partei amstand, de rietsextreemen RN ze klappen. Dofir misst elo jidderee sech an den Déngscht vun eppes stellen, wat méi grouss ass ewéi déi eege Partei.
Eng fragmentéiert Gauche
Mat dëser Strategie hat d’Gauche als Nouveau Front Populaire effektiv déi lescht Parlamentswal gewonnen, och wa si kee Regierungsoptrag krut. Zënterhier ass d’Gauche awer nees immens fragmentéiert.
Besonnesch de Konflikt tëschent LFI an de Sozialiste schéngt bal onléisbar ze sinn. LFI geheien de Sozialiste vir, déi aktuell macronistesch Regierung um Pouvoir ze halen.
LFI bereet ze kooperéieren
Onwäit vum Ekologistentreffen zu Grenoble ass dëse Weekend och d’Rentrée fir LFI. Gëschter Owend gouf et hei eng Podiumsdiskussioun tëschent der Mathilde Panot an der Ekologistin Cyrielle Chatelain.
D’Panot sot, et misst elo Kloerheet herrschen, mee et wier ee bereet ze kooperéieren. D’Cyrielle Chatelain sot, dat lescht Wuert hätt d’Basis vun hirer Partei.
Bei den Ekologisten ass ee ganz gedeelter Meenung doriwwer, wéi sënnvoll eng Zesummenaarbecht mat LFI wier.
Haut ass iwwerdeems de Sozialistechef Olivier Faure op Besuch bei den Ekologisten. Den LFI-Chef Jean-Luc Mélenchon wäert muer d’Wuert ergräifen.