arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verbuet vu Soziale Medie fir Kanner ënner 15 vum franséische Verfassungsrot gekippt

Frankräich

|
reading time

1 min

Verbuet vu Soziale Medie fir Kanner ënner 15 vum franséische Verfassungsrot gekippt

A Frankräich gouf et Réckschlag fir d‘Regierung an de President Macron beim geplangte Verbuet vun de Soziale Medie fir Jonker ënnert 15 Joer. De Verbuet war am Juli definitiv vum Parlament ugeholl ginn a soll am September a Kraaft trieden.

reading time

1 min

© picture alliance / dpa | Matthias Balk
(Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk)

De Verfassungsconseil sot elo, de Verbuet, wéi en elo am Gesetzestext formuléiert ass, wier eng disproportionéiert Aschränkung vun der Meenungs-Fräiheet. D‘Gesetz muss elo iwwerschafft ginn.

De President Emmanuel Macron huet de Premier Sébastien Lecornu ugestallt, den Text juristesch unzepassen, fir dann am Fréijoer d‘nächst Joer kënnen a Kraaft ze trieden