Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Geiselnam zu Hamburg um Flughafen ass eriwwer

Däitschland

Geiselnam zu Hamburg um Flughafen ass eriwwer

D'Geiselnam um Flughafen zu Hamburg ass eriwwer. De 35 Joer ale Mann huet sech ouni Widderstand festhuele gelooss, mellt déi Däitsch Police. Seng véier Joer al Duechter, wier onverletzt.

auto_stories

1 min

De Mann war gëschter Owend mat sengem Auto op de Flughafen agedrongen, huet an d‘Loft geschoss an eng Aart Molotowcocktailer aus dem Won gehäit. Ënnert enger Maschinn vun Turkish Airlines war hie stoe bliwwen, déi gouf direkt evakuéiert, an och aus allen anere Fligere goufen d‘Passagéier no an no a Sécherheet bruecht. 

Den Terminal gouf gespaart, dausende Leit ware betraff.