arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géigesäiteg Attacken tëschent Russland an Ukrain – 620 ukrainesch Dronen iwwer Moskau

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

Géigesäiteg Attacken tëschent Russland an Ukrain – 620 ukrainesch Dronen iwwer Moskau

D‘Ukrain a Russland melle weider géigesäiteg Attacke mat Dronen. An de ukrainescher Regioun Saporischschja sinn den Autoritéiten no zwou Persounen ëm d‘Liewe komm. An an der Hafestad Odessa hätt e puer Blesséierter ginn nodeems e Restaurant a Wunnhaiser vu russeschen Drone getraff goufen.

reading time

1 min

©  EPA/OLEG MOVCHANIUK
(Foto: EPA/OLEG MOVCHANIUK)

Op russescher Säit sot de Buergermeeschter vu Moskau, datt d‘Ukrain hënt 620 Dronen op déi russesch Haaptstad geschoss hätt. Iwwer eventuell Affer ginn et nach keng Informatiounen.

Déi russesch Ambassade zu London huet déi brittesch Regierung gewarnt. Si misst mat Konsequenze rechne wéinst der militärescher Kollaboratioun vu Groussbritannie mat der Ukrain. Dat, nodeems d‘Zeitung Sunday Times e Sonndeg behaapt hat, d‘Ukrain géif bei den Attacken op Russland Drone benotzen, déi vu brittesche Firme gebaut an un d‘Ukrain geliwwert goufen.