Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gebai vu Lëtzebuerger ONG dat eenzegt wat am Quartier nach steet

Bëschbränn an Chile

Gebai vu Lëtzebuerger ONG dat eenzegt wat am Quartier nach steet

Op d’mannst 130 Doudeger, Honnerte vu Leit, déi nach vermësst ginn, an iwwer 15.000 zerstéiert Haiser. De virleefege Bilan vun de Bëschfeieren a Chile ass ganz uerg. D’Lëtzebuerger ONG “Niños de la Tierra” ass am südamerikanesche Land aktiv, mam Projet vun enger Musiksschoul an der véiert-gréisster Stad Viña del Mar.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / °ts/Shotshop | °ts

Dës Schoul war viru 25 Joer am Quartier Achupallas gebaut ginn an ass quasi dat eenzegt Gebai do, wat, am Géigesaz zu engen 3.000 anere ronderëm, wéi duerch e Wonner nach steet.

Eenzeg Plaz mat Waasserversuerung

D’Musiksschoul gëtt elo als Ulafplaz fir medezinesch Versuergung gebraucht, seet de Marco Hoffmann, President vun “Niños de la Tierra”, dee virop vun enger vun de gréisste Katastrophen an der Geschicht vu Chile schwätzt. D'Majoritéit vun der Bevëlkerung géif mat näischt méi do stoen.

An der Musiksschoul wier net genuch Plaz, fir Leit ënner Daach ze kréien, déi alles verluer hunn, mee et ass déi eenzeg Plaz op der nach Waasserversuergung garantéiert ass.

Hëtztwellen a Brandstëftung

Fir de Marco Hoffmann gëtt et zwee Phenomener, déi dës Feieren erklären. Engersäits wier dës Géigend reegelméisseg mat Hëtztwelle geplot, mat zum Beispill bis zu 37 Grad a Wand, déi lescht Deeg. Anerersäits kéimen déi meescht Feieren do duerch Mënschenhand zustanen, zum Deel och duerch Brandstëftung.

"An der Vergaangenheet gouf et Situatiounen, wou ee konnt noweisen, datt verschidde Feieren a Bezuch zu Bauprojete waren."

Déi betraffe Regioun wier quasi an zwou Zonen anzedeelen, déi eng no beim Mier, touristesch an net vun de Feiere betraff, déi aner am Hannerland, mat Quartiere vun aarme Leit, wou alles verbrannt ass.

“D’Opbauaarbechten do wäerte schwiereg ginn, well et och nach déi speziell Situatioun gëtt, datt do ganz vill Leit einfach d’Land besat hunn, also net legal sur Place sinn.”

Ofwaarden op d'Autoritéiten hëllefen

Dowéinst géif et wuel kaum Hëllef dofir ginn, wougéint ronderëm d’Musiksschoul warscheinlech en Neesopbau méiglech wier, sou de President vun “Niños de la Tierra”. Et géif een op alle Fall probéieren, fir d’Musiksschoul nees un d’Lafen ze kréien, och well si als positiv ugesi gi wär:

"Et war eben och e Projet, deen e bëssen a Richtung Drogepreventioun gaangen ass. Drogen ass och e ganz staarke Phänomen sur Place."

Wann déi aktuell Urgencësituatioun iwwerstane wier, wéilt ee sech um Neesopbau bedeelegen, woubäi ze kucke wier, wéi vill den chileenesche Stat an d’Gemeng bereet wieren ze hëllefen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International