Radioen

On air

9 bis 1  |  Saya Gray - Line Back 22

play_arrow Live
search

/ Gazasträif: 20 Doudeger no Schéisserei bei Verdeelung vun humanitärer Hëllef  

Noen Osten

Gazasträif: 20 Doudeger no Schéisserei bei Verdeelung vun humanitärer Hëllef  

20 Leit koume gëschter an der Gazasträif ëm, wéi bei der Verdeelung vun humanitärer Hëllef op si geschoss gouf. De palästinensesche Gesondheetsministère, dee vun der radikaler Hamas regéiert gëtt, weist mam Fanger op déi israeelesch Arméi.

auto_stories

1 min

Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Gazasträif (Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

155 Leit wiere blesséiert ginn. Déi israeelesch Arméi weist awer all Virwërf vu sech.

D‘Noriichtenagence AFP schreift, hire Korrespondent hätt confirméiert, datt hie vill Läichen a Blesséierter gesinn hätt, déi d‘Affer vu Schéissereie goufen.