D‘BBC huet Satellitten-Daten ausgewäert a seet: Tëscht 144.000 an 175.000 Gebaier an der Gazasträif wiere beschiedegt oder zerstéiert.
Déi israeelesch Arméi huet hirersäits fir d‘éischte Kéier zouginn, datt si Tunnelle vun der Hamas iwwerschwemmt huet. Dat wier eng Method, déi ugewannt gouf, fir déi kilometerlaang Tunnelle vun der Hamas ënner der Gazasträif ze zerstéieren, esou den israeelesche Militär.
Kritik vun ONG'en wéinst gestoppter Bezuelung
Méi wéi 20 ONG‘e kritiséieren iwwerdeems d‘Suspensioun vun de Bezuelungen un d‘UNO Hëllefswierk fir palestinensesch Flüchtlingen. Déi humanitär Aarbecht vum Hëllefswierk an der Gazasträif kéint net ersat ginn, an iwwer zwou Millioune Leit wieren op Hëllef ugewisen, sou d‘ONG‘en.
Eng Partie Länner hunn hir Suen un d‘Hëllefswierk op Äis geluecht. Dat nodeems Informatioune vum israeelesch Geheimdéngscht de Verdacht opkomme gelooss hunn, datt Mataarbechter vum UNO Hëllefswierk bei den terroristeschen Attacke vun der Hamas de 7. Oktober an Israel derbäi waren.
Lëtzebuerg wäert ofwaarde bis d‘Resultat vun enger Enquête virläit a bis dohin d‘UNO-Agence weider finanzéieren, esou den Ausseminister Xavier Bettel an der Chamber.