Domat verléiert dem Premier Sánchez seng Partei fënnef vun hire 14 Sëtz am Parlament zu Santiago de Compostela. Déi konservativ Vollekspartei PP vum Regionalpresident Alfonso Rueda huet hir absolut Majoritéit behalen.
D‘Walen a Galizien waren een Indicateur fir d‘Aarbecht vum Premier Pedro Sánchez, deen am Hierscht, mat Hëllef vun de katalanesche Separatisten, Premier konnt bleiwen, a ganz ëmstridden ass wéinst der geplangter Amnestie fir d‘Separatisten.