Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geriichtsprozess géint den Donald Trump huet ugefaangen

Bezuelung fir Affär geheim ze halen

Geriichtsprozess géint den Donald Trump huet ugefaangen

Zu New York huet den historesche Strofprozess géint dee fréieren US-President Donald Trump ugefaangen. Hie kritt virgehäit Dokumenter gefälscht ze hunn an Zesummenhang mat Suen, déi eng fréier Pornoactrice krut, fir näischt iwwer eng presuméiert Affär mam Donald Trump ze soen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance

Den Donald Trump weist d‘Reprochen zeréck a schwätzt vun engem politesch motivéierte Prozess. Bei där éischter Geriichtsseance, wou den Donald Trump dobäi war, goung et ëm d'Selektioun vun den 12 Membere vun der Jury. An dësem Fall ass dat besonnesch schwiereg, well d‘Jurymemberen neutral musse sinn.

Direkt am Ufank goufen Dosende potentiell Kandidaten ausgeschloss, well si dem Riichter soten, si kéinten net neutral vis-à-vis vum Donald Trump sinn. D‘Juryselektioun kéint e puer Deeg laang daueren.