De Moien hätt een dräi Reunioune mat der Direktioun vun Ampacet a mam OGBL gehat an d’Zeechen op Accord stéinge ganz gutt. D’Personal vun Ampacet ass zënter 23 Deeg am Streik well d’Firma de Kollektiv-Vertrag eesäiteg gekënnegt huet.
OGBL: Text muss nach analyséiert ginn
Et wier awer nach näischt konkret, seet den Alain Rolling vum OGBL, et hätt een elo den Text vun der Direktioun a wéilt deen nach a Rou analyséieren. Et wier nach näischt finaliséiert.
Mir si frou, datt mer an déi richteg Richtung ginn, et ass eng Léisung warscheinlech a Siicht, dass mer dat kennen nach des Woch ofschléissen. Mee, wéi gesot: Virbehalt, mir mussen eis vläicht op een zwee Punkten do textuell eens ginn. Ech menge schonn, datt mer eis wäerten eens ginn, mee dat musse mer nach beschwätzen. Ech mengen, mir hunn elo sou laang gestreikt, da musse mer eis och elo nach déi puer Stonnen do Zäit ginn. Dat ass eben sou, eng Konventioun dat ass net nëmmen een Dokument, dat si puer Säiten, dat muss een dann awer verstoen.