Radioen

On air

Concert  |  Tosca vu Puccini

play_arrow Live
search

/ Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg ass an Aktivitéiten an israeelesche Kolonien implizéiert

Äntwert op Question Parlementaire

Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg ass an Aktivitéiten an israeelesche Kolonien implizéiert

Wat déi kommerziell Lienen tëscht Lëtzebuerg an deene vun Israel besate palestinensesche Gebidder ugeet, preziséiert den Xavier Bettel an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP: Et wier eng Firma, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, op enger UNO Lëscht vun Entreprisen, déi a kommerziell Aktivitéiten an den israeelesche Kolonien op palestinenseschem Territoire implizéiert sinn.

auto_stories

1 min

© European Union
Foto: European Union

D‘LSAP Deputéiert Ben Fayot an Yves Cruchten hunn eng parlamentaresch Fro dozou gestallt. Déi kommerziell Relatiounen an Investissementer an déi palästinensesch Territoirë goufen nämlech vum Internationale Geriichtshaff vun der UNO verbueden.

De Xavier Bettel preziséiert: Den Ausseministère hätt déi Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg, déi op der UNO Lëscht ass, schonn am Summer 2023 per Bréif kontaktéiert. Ënner anerem fir si un hir Flichten a Relatioun zu de Mënscherechter an UNO Reegelen ze erënneren. Zënterhier géif de Ministère dat suivéieren an am A behalen. Ausser dëser enger Firma, wier him keen anere Fall bekannt vu kommerzielle Relatiounen an Investissementer an déi palästinensesch Gebidder iwwert de Lëtzebuerger Trade and Investment Büro zu Tel Aviv, sou nach den Ausseminister.