Grad bei Aarbechtssujete ginn d‘Meenunge vum Wirtschaftsfliggel a vum soziale Fliggel bannent der CDU auserneen. Dës Wal gëllt deemno och als ee wichtege Stëmmungstest.
A senger Ried de Moien huet de Kanzler an CDU-Chef seng Partei un hir Regierungs-Verantwortung fir Däitschland erënnert. Et wéilt een d’Wieler net enttäuschen, huet de Merz ënnerstrach, am Kontext vun interner Kritik. D’nächst Woch wäert den däitsche Kanzler fir eng Visitt a China reesen. Dat gouf haut annoncéiert. Um Programm steet ënner anerem eng Entrevue mam President.