Den däitsche Bundeskanzler hat fir d‘éischt de chineesesche Premier Li Quiang gesinn, duerno de Staatschef Xi Jingping. Hie sot, datt Däitschland a China hir Kooperatioun verdéiwe missten, mee d‘Zesummenaarbecht misst och fair sinn.
Béid Länner misste, senger Meenung no, och hir Regierungskonsultatiounen frësch lancéieren, déi duerch de Regierungswiessel zu Berlin an duerch d‘Pandemie ënnerbrach gi wieren.
De Xi Jingping sot, datt d‘Länner an dëser oniwwersiichtlecher Welt missten zesummenhalen. China géif och e staarkt an autonoomt Europa verdeedegen an hie géif op besser Relatiounen tëscht China an der EU hoffen.