Lëtzebuerg ënnerstëtzt, wéi déi aner 26 EU-Länner d’Recommandatioun vun der Europäescher Kommissioun, de Startschoss fir d’Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain elo ze ginn.
Dee Mann, deen op dësem Sommet am Mëttelpunkt steet, de Viktor Orban, koum mat engem klore Message un. D’Ukrain wier net prett, fir datt mat hir iwwert eng EU-Memberschaft verhandelt gëtt, d’Land hätt net all d’Konditiounen erfëllt. Dowéinst géif et kee Grond, elo mat de Gespréicher unzefänken.
Ungarn bleift beim nee fir EU-Budget eropzesetzen
D’Europäesch Kommissioun hat deen Ufank fir am Mäerz proposéiert, well bis dohin, an der Ukrain all déi néideg Gesetzer op de Wee bruecht sinn. Nach dëst Joer sollt awer offiziell gréng Luucht dofir gi ginn.
Ungarn bleift och bei sengem Neen, den EU-Budget zu Gonschte vun der Ukrain eropzesetzen, sou de Viktor Orban. De Reproche et géing him em een Deal goen, huet hien zeréckgewisen, dat wier net säi Stil.
Fir de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden wier dat "ee ganz schlechte Message fir d’Ukrain an e ganz schlechte Message fir eis Grondprinzippien".
Frieden: Mir sinn eng Rechtsgemeinschaft
Wann haut keng gréng Luucht kennt, fir d’Bäitrëttsgespréicher, solle sech da 26 Länner vun engem erpresse loossen?
"D’Äntwert ass kloer nee. Mee mir hunn ee Vertrag, mir sinn eng Rechtsgemeinschaft. An et seet kloer, datt d’Ouverture vun Adhesiounsgespréicher muss eestëmmeg beschloss ginn."
Gëscht huet iwwerdeems d’Europäesch Kommissioun matgedeelt, datt zéng Milliarden Euro aus dem EU-Budget fir Ungarn nees fräigeschalt ginn. Déi Fonge ware bis elo blockéiert, well Ungarn déi néideg Justizreformen net gemaach hat.
Den Timing vun där Annonce wier vläicht net ideal gewiescht, sot de Luc Frieden dozou. Hie kritiséiert d’Decisioun awer net. D’Kommissiounspresidentin hätt him verséchert, datt se op Grond vun objektive Krittäre getraff gouf.
"Ech géing dat eent net mat deem anere vermëschen. Fir mech ass et wichteg, datt haut jidderee kloer seet, mir ënnerstëtzen d’Ukrain, datt jidderee kloer seet, datt Europa ee Veräin ass, an deem d’Rechtsstaatlechkeet, wou d’Prinzippie vun Demokratie, Fräiheet a Wuelstand ënnerstëtzt ginn."
Dorëms géif et goen, betount de Luc Frieden an dat wier vill méi wéi just eng Administrativ Decisioun.