Radioen

On air

Notturno  |  Tindersticks - Were We Once Lovers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréieren amerikanesche Politiker Joe Lieberman ass dout

Fréiere Running Mate vum Al Gore

Fréieren amerikanesche Politiker Joe Lieberman ass dout

De fréieren amerikanesche Politiker Joe Lieberman ass dout. Hien ass am Alter vun 82 Joer gestuerwen. Den Joe Lieberman war am Joer 2000 den demokratesche Kandidat fir d‘Mandat vum Vizepresident am Team vum Al Gore, deen deemools awer géingt den George Bush verluer hat.

auto_stories

1 min

Joe Liebermann | © Roanoke college
Foto: Roanoke college

De Liebermann huet eng vun de bizarreste Karriären an der amerikanescher Politik gemaach. Laang Joren huet hien zum rietse Fligel vun den Demokrate gehéiert. Nom 11. September 2001 huet hie sech méi a méi vu senger Partei distanzéiert an huet déi vill kritiséiert Irakinvasioun vehement ënnerstëtzt.

2006 war hien als Independant an d‘Wale fir de Senat gaangen. Obwuel hien zum Schluss kee Mandat méi hat, war hie politesch aktiv an hat d‘Organisatioun „No Labels“ matgegrënnt, déi sech selwer iwwerparteilech nennt, a fir d‘Presidentschaftswalen am November een eegene Kandidat wëllt opstellen.

Den Lieberman sot viru kuerzem nach, datt den Donald Trump ni méi President dierft ginn.