Radioen

On air

9 bis 1  |  Martha And The Muffins - Echo Beach

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fréieren US-Ausseminister Henri Kissinger ass dout

Am Alter vun 100 Joer

Fréieren US-Ausseminister Henri Kissinger ass dout

De fréieren US-Ausseminister Henri Kissinger ass dout. Hien ass gëscht am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Dat huet seng Berodungsfirma mat gedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Daniel Vogl
(Foto: picture alliance/dpa | Daniel Vogl)

Den Henry Kissinger gouf an Däitschland gebuer a war 1938 mat senger Famill virun de Nazien an d‘USA geflücht. Do war hien an de 1970er Joren Ausseminister ënnert den zwee Presidente Richard Nixon an Gerald Ford.

Den Henri Kissinger war bekannt fir seng Politik vun der Entspanung tëscht den USA an der fréierer Sowjetunioun, an dem Rapprochement mat China. Ganz kontrovers war awer seng Ënnerstëtzung vu repressive Regimmer déi vum Diktator Augusto Pinochet a Chile. Ëmstridde war och dem Henry Kissinger säi Friddensnobelpräis, deen hien 1973 krut, wéinst senger Roll fir de Vietnam Krich op en Enn ze bréngen.

Och no senger Zäit als Ausseminister huet den Henri Kissinger eng wichteg Roll als politesche Beroder gespillt. Am Juli dës Joer hat hie mat 100 Joer nach de chineesesche President Xi Jinping zu Peking besicht.