Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
search

/ Fréieren FLTT-Generalsekretär fuerdert Konsequenzen un der Spëtzt vun der Dëschtennis-Federatioun

Sport

Fréieren FLTT-Generalsekretär fuerdert Konsequenzen un der Spëtzt vun der Dëschtennis-Federatioun

Och de fréieren FLTT-Generalsekretär Paul Schiltz mengt an engem oppene Bréif, et wier eventuell ubruecht, datt ënner anerem de President André Hartmann an de Sportdirekter Heinz Thews séier demissionéieren, fir der FLTT eng besser Zukunft z’erméiglechen.

auto_stories

1 min

Dëschtennis | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Augst / Eibner-Pressefoto
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Augst / Eibner-Pressefoto

Et wier de Minimum, datt sech de Comité-directeur bei der Spillerin, beim COSL a bei der Lëtzebuerger Sportswelt entschëllegt, sou den Ex-FLTT-Generalsekretär Paul Schiltz. Dee betount, datt d’Sarah de Nutte hir Kritik bei den Olympesche Spiller zu Paräis ouni perséinlech Virwërf ausgedréckt hätt. Déi Aussoen hätten der FLTT och net geschuet, sou wéi déi dat behaapt gëtt, schreift de Paul Schiltz. D’Spillerin hat an der franséischer Haaptstad jo kritiséiert, datt hiren Trainer si do net coachen duerft, wouropshi si viru knapp 3 Woche vum Comité-directeur vun der FLTT e Blâme ausgesprach krut. Doropshi krut d’Sarah de Nutte ëffentlech Ënnerstëtzung vun ënner anerem fréieren an aktuelle Sportler. An et ass kloer ginn, datt d’Spëtzt vun der FLTT schonn e puermol Schwieregkeeten domat hat, wann hir Autoritéit a Fro gestallt gouf.

De Mëttwoch den Owend ass eng Reunioun vum Comité-directeur. De President André Hartmann hat den Dënschdeg erkläert, dass d’FLTT de Moment näischt zu den aktuellen Diskussioune soe wéilt.