Gëschter um Donneschdeg huet Ungarn dem 48 Joer ale Romanowski Asyl accordéiert, wat fir Spannungen tëscht béide Länner suergt. Polen huet säin Ambassadeur zu Budapest zeréck op Warschau geruff, an den ungareschen Ambassadeur gouf convoquéiert, fir him e Protestbréif ze ginn.
De polnesche Regierungschef Donald Tusk huet Ungarn schaarf kritiséiert a sot zu Bréissel, datt hien net wosst, datt an Zwëschenzäit korrupt Fonctionnairen tëscht Belarus an Ungarn wiele kéinten, fir Schutz ze froen, mee déi géifen ëmmer Asyl an engem Land froen, dat vu Politiker regéiert gëtt, déi sou si wéi si.