D‘Police wier mat 6 Police-Autoen op der Proprietéit vum Kinnek Charles zu Sandringham agetraff. Wéi déi britteschen Autoritéiten mellen, hätt den Andrew Mountbatten-Windsor, de Brudder vum King Charles, sech hei opgehalen. Haut ass sain 66. Gebuertsdag. Et géifen och Perquisitiounen an zwou Residencen zu Berkshire an Norfolk lafen. Hannergrond dierften nei Detailer ronderëm d‘Epstein-Affäre sinn.
Soll sensibel Informatioune weiderginn hunn
An de leschten Deeg waren nei Dokumenter public ginn aus deenen ervir geet, datt den Andrew a senger fréierer Roll als Handels-Beobachte vun der brittescher Regierung sensibel Informatiounen un de verurteelte Sexualverbriecher weidergeleet hätt.
Wéinst senger Verwécklung an den Epstein-Skandal hat den Andrew schonn all Éieren, militäresch Räng an Titele verluer. Hien hat och missten aus sengem Residence am Schlass Windsor erausplënneren.
Famill vum Affer Virgina Giuffre reagéiert op Festnam
D‘Famill vum bekanntsten Affer an der Epstein-Affär, der Virgina Giuffre huet elo op d'Festnam vum fréiere Brittesche Prënz reagéiert. D'Virgina Giuffre hat him virgehäit si puer Mol mëssbraucht ze hunn, och als Mannerjäregt. Si hat sech d‘lescht Joer d‘Liewe geholl. Hir Famill begréisst, datt keen iwwer dem Gesetz steet, och net d‘Kinneksfamill.
Nei E-Maile widderleeën Andrew seng Aussoen
An de leschten Deeg koume rëm nei Dokumenter eraus, an deene E-maile vun Dezember 2010 an Ufanks 2011 tëschent dem brittesche Royal an dem Jeffrey Epstein optauchen. Deemno géif dem Andrew Mountbatten-Windsor seng Behaaptung, datt hien no der éischter Verurteelung vum Jeffrey Epstein am Joer 2009 de Kontakt mat him ofgebrach gehat hätt, net méi stëmmen.
De Kinnek Charles den Drëtten huet sech schrëftlech geäussert a gesot, d‘Gesetz misst elo säi Laf huelen.
Eis Korrespondentin vu London d‘Claire Barthelemy mat weideren Detailer.