Mat gemëschte Gefiller kuckt de President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin op déi fréi Hëtztwell dëst Joer. Duerch eng relativ laang Kill-Period wier de Wuesstum entschleunegt gewiescht, esou am 100,7-Interview de Jean-Claude Muller.
Duerch déi méi héich Temperaturen elo géif et endlech wuessen. Natierlech géif et awer den Nodeel ginn, datt do wou Waasser feelt, et mëttelfristeg Konsequenze bei verschiddenen Uebstkulture wäerte ginn.
Äerdbier brauche vill Waasser
Manner Problemer duerch déi héich Temperature ginn et beim Bamuebst, well d’Wuerzelen nach méi laang u Waasser kommen, erkläert de President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin an Uebstbauer Jean-Claude Muller. Bei aneren Zorte gesäit et awer anescht aus.
“Wa mir awer elo zum Beispill un Äerdbier denken, Äerdbier wuerzelt net esou déif, well et och net esou laang op enger Plaz steet, dann ass et sécher, datt dat muss bewässert ginn. Dat heescht, et muss Waasser zur Verfügung stoen, fir do kënnen iwwerhaapt nach eng Recolte ze maachen.”
Wichteg wier donieft, datt zum Beispill bei den Uebstbaueren nuets bewässert gëtt, a mat Schläich am Buedem.
“An dat ass esou, wéi déi meescht et dann och maachen. An nawell kann ee rechnen, fir dat doten auszegläichen, déi héich Verdonstung vun der Planz, déi dat eebe mécht, fir mat dem Hëtzestress zu Wee ze kommen, brauch ee sécherlech dat Duebelt um Waasser, wann net esouguer méi, wéi an engem normale Joer.”
Klimatesch Bedingungen ännere sech
De President vum Lëtzebuerger Landesuebstbauveräin Jean-Claude Muller geet dovun aus, datt de Klimawandel respektiv déi “meteorologesch Ausschléi” zur Reegel wäerte ginn. Et misst ee sech also esou opstellen, datt een da Waasser zur Verfügung huet, wann et net genuch reent.
“Da bitt et denken ech och fir eis eventuell eng Chance, fir kënnen Uebst a Geméis a méi engem grousse Stil och eventuell fir eist Land unzebauen, well déi klimatesch Bedéngungen duerfir u sech besser ginn, wéi se nach virun zwanzeg oder drësseg Joer waren.”
Nëmmen e klengen Deel kënnt aus Lëtzebuerg
De Moment gi just zwee bis dräi Prozent vum nationale Verbrauch un Uebst hei am Land ugebaut.
De Landesuebstbauveräin vertrëtt d’Interesse vu bal 200 Memberen, dorënner ronn eng Dose professionell Uebstbaueren.