Radioen

On air

9 bis 1  |  The Human League - Seconds

play_arrow Live
search

/ Freed bei der Ni Xia Lian, Trauer a Roserei bei der Sarah de Nutte

Olympesch Spiller

Freed bei der Ni Xia Lian, Trauer a Roserei bei der Sarah de Nutte

D'Lëtzebuerger Dëschtennis-Spillerin Ni Xia Lian spillt am zweeten Tour bei den Olympesche Spiller zu Paräis géint déi chineesesch Weltranglëschten-Éischt. Datt ass déi 61-Joer al Spillerin de Moien an der leschter Stonn gewuer ginn.

auto_stories

3 min

Ni Xia Lian | © picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun
Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun

De Samschdeg den Owend spéit huet si mat 4:2 géint d'Sibel Altinkaya aus der Tierkei gewonnen. Si ass déi eenzeg vun den dräi Lëtzebuerger Dëschtennis-Representanten zu Paräis déi et an de nächsten Tour gepackt huet. Besonnesch d'Sarah de Nutte huet sech no hirem March besonnesch enttäuscht a rosen iwwert de Lëtzebuerger Dëschtennisverband gewisen.

Ganz séier ass et fir de Luka Mladenovic, wéi erwaart, gaangen, trotz de Leit an der Hal déi dem Underdog am leschte Saz säin Numm gesongen hunn. De Jonathan Groth aus Dänemark war wéi um Pabeier deen Owend en Niveau ze staark. D'Lëtzebuerger Fans, an och de Groussherzog Henri an de Premier Luc Frieden, koumen op hir Käschten. Well a knapps zwou Stonnen um nämmlechten Owend krute si dräi vun de Lëtzebuerger Olympia-Athleten ze gesinn. Fir d'nächst awer nach eng Defaite, eng knapps mee och keng Iwwerraschung. No just deem enge Match war Olympia och fir d'Sarah de Nutte eriwwer.

"Ech sinn traureg, datt ech de Match verluer hunn, mee de Support deen ech krut vun de Leit, mécht mech awer frou."

COSL verdeedegt d’Meenungsfräiheet vun der Spillerin

Nom Match koum et beim Sarah de Nutte zu Tréine mee och zu Roserei géint de Lëtzebuerger Dëschtennis-Verband. De perséinlechen Trainer war do mee duerft net mat op den Terrain fir him de Support ze ginn deen d'Lëtzebuerger Athletin gewinnt ass.

"Theoretesch hat hien och d'Akkreditatioun kënnen de Match ze coachen. (...) Ech verstinn net, firwat meng Federatioun et net erlaabt, datt de Peter mech coachen dierf an deem Match, bei där wichtegster Competitioun iwwerhaapt."

Nom Match sot den techneschen Direkter vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, de Raymond Conzemius, dat hie kee Problem mam Eclat vum Sarah de Nutte hätt,an datt alles esou ofgelaf wier wéi et tëscht dem Dëschtennis-Verband an dem COSL akkordéiert war.

Ni Xia Lian elo géint déi Weltranglëschten-Eischt

Fir d'Ni Xia Lin, am Verglach, gouf et gëschter nom Match kuerz viru Mëtternuecht vill Freed, an d'Gewëssheet datt mat der Weltranglëschten-Éischt eng bal onméiglech Aufgab op si duer kennt.

"Dat gëtt haart, mee ech si stolz esou ee Match spillen ze kënnen. Mee et ass Pech, well wann hatt net esou gutt wier, hätt ech vläicht eng Chance op nach ee Match. Mee géint hatt hunn ech éierlech gesot keng Chance.. Pardon, et gëtt net einfach. Mee ech ginn net op, ech kämpfen ëm all Punkt a wëll haaptsächlech e gudde Match."

Dee Match ass de Méinden den Owend um 8 Auer.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Paräis.