Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Squirky

play_arrow Live
search

/ Fred Krier: Grouss programmatesch Iwwereneestëmmungen mam Pascal Ricquier

Gewerkschaften

Fred Krier: Grouss programmatesch Iwwereneestëmmungen mam Pascal Ricquier

De fréieren SNPGL-President Pascal Ricquier ass op den OGBL duergaangen, fir op d’Lëscht fir d’Wale vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics ze kommen. Dat seet de Fred Krier vum OGBL am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

Eréischt viru kuerzem hat dem Pascal Ricquier seng Nofollgerin bei der Policegewerkschaft, d‘Marlène Negrini, behaapt, datt hire Virgänger zréck bei d‘SNPGL wéilt an dofir géint si geputscht hätt. De Policesyndikat gehéiert zur Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, an där hirem Comité de Pascal Ricquier och war. 2023 war hie fir d’Chamberwale Kandidat vun der CSV. Kuerz drop ass hien nees ausgetrueden, well hie mam CSV-Minister Léon Gloden senger Politik net averstane gewiescht wier, huet et deemools geheescht. Dat géif fir den OGBL kee Problem duerstellen, seet de Fred Krier. Ëmmerhi wier ee programmatesch fir d’Sozialwalen am ëffentleche Secteur op enger Linn.

"An do hu mer awer a weesentleche Punkte grouss Iwwereneestëmmunge fonnt, sief et zum Beispill bei der Fro vun der Wal vu Personaldelegatiounen am ëffentlechen Déngscht an och de Rechter vun deenen Delegatiounen iwwerhaapt Gewerkschaftsrechter an der Fonction publique."

De Pascal Ricquier géif d’Lëscht iwwregens net uféieren; et wär e bëssen en Zoufall, dass hien als Éischten op der Lëscht géif stoen. Et hätt ee 14 Spëtzekandidate fir déi Walen, sou de Fred Krier.