Radioen

On air

Thé Dansant  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséisch Bauere maachen Drock op d'Politik

Blockage vun den Autobunnen

Franséisch Bauere maachen Drock op d'Politik

Zanter de Moien 9 Auer streiken d’Baueren a Frankräich a blockéieren eng sëlleg Autobunnen, dorënner och d’Autobunn vun Diddenuewen op Lëtzebuerg. Manifestéiert gëtt ënnert anerem géint déi héich Spritpräisser an d‘Ëmweltoplagen, mee och géint d’Importatioun vu Produiten déi een och a Frankräich produzéiere kéint, erkläert de Fabrice Couturier, President vun der Gewerkschaft fdsea Departement Moselle. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Bauere protestéieren op der Autobunn | © Ana Angel play_arrow
Bauere protestéieren op der Autobunn (Foto: Ana Angel)

D’Blockade sinn ugekënnegt bis muer de Owend 10 Auer, mee dem Fabrice Couturier no kéint awer nach méi laang daueren. “Jusqu’à ce qu’on nous enlève” ass nämlech d’Äntwert vun engem Bauer op d’Fro, wéi laang se wëlles hunn, d’Autobunn ze blockéieren.

"On est prêt à multiplier les points de blocage"

Offiziell virgesi si 35 Stonnen. Dem President vun der fdsea Moselle no wäert de Streik awer réischt ophalen, wann ee Resultater vu Säiten der Politik gesäit.

"Il n’y a pas de limitation de délai. Et très franchement si jamais le dialogue se durcit, on est prêt à multiplier les points de blocage. Jusqu’à une paralysie complète du département s’il faut on le fera."

An dat maache se mat Traktoren, déi mat Mëscht a Botte beluede sinn. Hiert Quartéier hu se ënnert enger Bréck opgeschloen, mat engem groussem Zelt a Griller.

Drock op d'Politik maachen

Et géif ee vun der Politik vernoléissegt ginn, erkläert de Fabrice Couturier, dofir misst ee protestéieren.

"On sent une forme de mépris, et clairement on porte des revendications. Celles qu’on porte aujourd’hui c’est les mêmes qu’on porte depuis des mois, depuis des années. Et on dans un tourbillon normatif qui nous asphyxie, on est soumis à une concurrence sauvage des pays étrangers, avec une porte grande ouverte aux importations."

Liewensmëttelberäicher wéi beispillsweis Mëllech, géifen importéiert ginn, obwuel ee se och kéint a Frankräich produzéieren, erkläert de President vun der fdsea Moselle nach weider. Onofhängegkeet – op franséischen an op europäeschem Niveau – dat wier d’Zil. An de Baueren hir Zukunft garantéieren, esou de Fabrice Couturier nach, dofir misst ee lo immensen Drock maachen.

"On n’a pas d’autres choix que de faire monter la pression. Et on fait il faut que ça bouge partout. Absolument par tout. On n'est pas les seuls à travailler, on est aps les seuls à souffrir, mais il faut qu’on porte nos revendications avec tous les moyens. Et on est solidaire des gens qu’on impacte aujourd’hui."

Protest op europäeschem Niveau ass denkbar

Solidaresch wier een och mat de Baueren an Däitschland, a wa sech näischt géif doen, da wéilt een op europäeschem Niveau mat all de Landwirten zesumme manifestéieren, esou nach de President vun der Baueregewerkschaft.

De Moien hat de franséische Premierminister Gabriel Attal déi zoustänneg Ministere beienee geruff, fir iwwert d‘Situatioun ze diskutéieren.


Lauschterenplay_arrow