Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Frankräich wëllt Palästina als Staat unerkennen: Bréngt dat ee Steen un d'Rullen?

Noen Osten

Frankräich wëllt Palästina als Staat unerkennen: Bréngt dat ee Steen un d'Rullen?

Frankräich huet annoncéiert, Palästina als Staat wëllen unzëerkennen. Dat hat de franséische President Emmanuel Macron um Mëttwochowend annoncéiert. Ee Schratt, deen Israel kritiséiert, d'Hamas awer begréisst, wéi si gëschter um Donneschdeg matgedeelt hunn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou play_arrow
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Idealerweis am Juni scho wëllt den Emmanuel Macron de palästinensesche Staat unerkennen. Dat sot hien um Mëttwochowend um Mikro vu France 5. Dës Etapp misst elo séier an am Kollektiv ënnerholl ginn, esou de Macron. 

Israeelesch Kritik, palästinensescht Luef

De President sot, hie géing hoffen, dës Mesure géing och dozou bäidroen, datt déi, déi Palästina ënnerstëtzen an Israel net unerkennen, dëst änneren. Zum Beispill den Iran.

Virun der Annonce hat de Macron den amerikanesche President Donald Trump an och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu doriwwer informéiert. Déi israeelesch Reaktioun huet net laang op sech waarde gelooss. Den israeeleschen Ausseminister Gideon Sa’ar huet op X geschriwwen, esou e Schratt wier eng Belounung fir d'Terroristen an e Push fir d'Hamas. Ganz sécher géing et net fir Fridden oder méi Stabilitéit suergen.

Och d'Hamas huet reagéiert: Ee Responsaablen sot der AFP géigeniwwer, et wier eng wichteg Etapp an e positive Wandel an der internationaler Positionéierung.

Xavier Bettel: Aktuell wéineg Interessi

Vill Länner an Europa hu Palästina nach net als Staat unerkannt, dorënner Däitschland, Groussbritannien, Italien an och Lëtzebuerg. Den Ausseminister Xavier Bettel hat d'lescht Joer ugekënnegt, eng Rei Staaten zu dësem Schratt motivéieren ze wëllen. Am Mäerz sot hien dem Tageblatt awer, datt et aktuell keng Initiative gëtt an och wéineg Interessi.

Dat kéint sech awer elo no dem Macron senger Annonce änneren.

Lauschterenplay_arrow